Musek NewsÉischt Lidd nom Doud vum George Michael verëffentlecht

Elo ass déi éischt Single nom Doud vum fréiere "Wham!"-Member a "Last Christmas"-Sänger George Michael dobaussen.

Leschten Update: 07.11.2019, 18:43:36

© KARIM SAHIB / AFP

Ee vun de gréisste Pop-Staren iwwerhaapt ass den 25. Dezember 2016 gestuerwen: Den George Michael, dee Joer fir Joer ëm d'Chrëschtdagszäit am Kult-Song "Last Christmas" vu "Wham" ze héieren ass.

Ma elo gëtt et neit Material: Säin Team huet elo mat "This Is How" déi éischt post-mortem Single vum Sänger verëffentlecht. Dofir goufen, wéi dat och bei "Higher Love" vum Kygo zesumme mat der verstuerwener Sängerin Whitney Houston de Fall war, al Studio-Opname benotzt a kombinéiert.

De Museksvideo vun „This Is How“ gouf aus alen Zeene vum Michael sengen Optrëtter zesummegeschnidden.