Musek NewsEd Sheeran mat Mafia-Killer verwannt

Seng Famill kann ee sech net aussichen. Den Ed Sheeran huet verroden, dass hie mam „Irishman“ genannte Mafioso Frank Sheeran verwannt ass.

Leschten Update: 08.11.2019, 14:19:25

© Stefanie LOOS / AFP

Deen een huet permanent de Mikro an der Hand, deen aneren d’Waff.

Den Ed Sheeran huet an engem Interview verroden, dass den iresche Mafioso Frank Sheeran, deen 1920 op d’Welt komm ass, a virun allem als bekannte Killer an der Cosa-Nostra-Famill gefaart gouf, e wäitleefege Grouss-Moni vun him ass.

De 27. November kënnt d’Liewe vum béise Sheeran op Netflix. Gespillt gëtt hie vum Robert de Niro.