Musek NewsTim Bendzko séngt net gär virun der Famill

Den Tim Bendzko ka gutt sangen, dat steet ausser Fro. Trotzdeem séngt hien net gär viru senger Famill.

Leschten Update: 08.11.2019, 14:49:42

© Eldoradio

De 34-Järegen huet kee Problem virun Dausende vu Leit opzetrieden. Kappzerbrieches kritt hien awer bei der Virstellung virum enkste Krees, also der Famill ze sangen.

Wann d’Mamm dobäi ass, gëtt nämlech ganz genau gelauschtert. An iergendwéi verständlech, dass de Bendzko säi Beruff aus senger Fräizäit mat der Famill eraushale wëll.

Kee Problem huet den Däitschen awer domat, bei Friemen an der Stuff opzetrieden. Bei esou engem „Wohnzimmerkonzert“, géif een och ëmmer gutt ze iesse kréien, sou de Bendzko.