Musek NewsChris Brown organiséiert Floumaart - Police kënnt laanscht

De Chris Brown wollt wéi en „Normalo” e klénge Floumaart viru sengem Haus organiséieren. D’Police koum och kucken.

Leschten Update: 10.11.2019, 12:35:27

© HECTOR RETAMAL / AFP

An Zäite vun "ebay" a Facebook-Gruppe gi Floumäert ëmmer méi seelen. Deem Trend wollt de Chris Brown entgéingt wierken.

De Sänger huet sech wuel näischt dobäi geduecht, wéi hie spontan e puer Géigestänn virum Haus ugebueden huet. Dat geet awer net ouni Geneemegung, ausser zu Los Angeles, wou de Brown wunnt.

Dat hunn dem Brown seng Affekoten der Police och erkläert. E Grond fir dat Ganzt ofzebriechen hu si dunn awer nach fonnt: E Floumaart vun esou enger berühmter Persoun, géif ze vill Leit unzéien...