Musek NewsSido start Tour mat neiem Mixtape

A 15 Deeg kënnt de Sido fir säin Optrëtt an der Rockhal op Lëtzebuerg. Ma e Méindeg huet seng "Tausend Tattoos"-Tour zu Fürth an Däitschland ugefaangen.

Leschten Update: 12.11.2019, 08:59:17

© dpa/AFP/Archiv/Daniel Reinhardt

Aktuell Hits ewéi "Ich und keine Maske" an natierlech „Tausend Tatoos“ wäert de Sido live performen. Däitsche Medien no soll de Sido awer och ee bis ewell onverëffentlechte Mixtape op de Concerts verkafen.

Op dësem Mix mam einfachen Numm "Mixtape #1" fënnt een nei Versioune vun ale Lidder ewéi "Herz", awer och och ganz neit an onverëffentlecht Material. Grad wéi op senger Tour sinn och op dësem Mixtape Kënschtler ewéi Beka a Bozza ze héieren.

Jiddereen dee sech dat net entgoe loosse wëllt, kann de Sido de 26. November an der Rockhal um Belval erliewen.