Musek NewsPeople Choice Awards goufe verdeelt

Gëschter goufen d’People Choice Awards verdeelt an hu fir méi a manner grouss Iwwerraschunge gesuergt.  

Leschten Update: 11.11.2019, 13:27:04

© Pexels

Net ganz onerwaart hunn de Shawn Mendes an d‘Billie Eilish de Präis fir de beschte Kënschtler a fir di bescht Kënschtlerin ofgeraumt. Och de beléiftste Song hunn mir dëst Joer méi ewéi oft héieren, nämlech „Seniorita“ vum Shawn Mendes a Camila Cabello.
De beléiftsten Album "Lover" kënnt da vum Taylor Swift an de Präis "Peoples Champion" geet un déi bekannte Sängerin Pink.

De Präis fir déi beléiftste Grupp kënnt do méi iwwerraschend. Dëse wichtege Präis geet un déi südkoreanesch Grupp Blackpink, déi 2016 hiren Ufank fonnt huet. Trotz groussem Erfolleg an Asien huet et 3 Joer gedauert bis déi véier jonk Dammen och an Europa an Amerika bekannt goufen. Ma spéitstens no dësem Award dierfte Blackpink hier Wuerzele weltwäit geschloen hunn.  

Hei d'Gewënner an der Kategorie "Musek":

BELEIFTSTE KËNSCHTLER
Shawn Mendes

BELEIFTSTE KËNSCHTLERIN
Billie Eilish

BELEIFTSTE GRUPP
BLACKPINK

BELEIFTSTE COUNTRY-KËNSCHTLER
Blake Shelton

BELEIFTSTE LATIN-KËNSCHTLER
Becky G

BELEIFTSTEN ALBUM
Lover, Taylor Swift

BELEIFTSTE SONG
"Señorita," Shawn Mendes, Camila Cabello

BELEIFTSTE MUSEKS-VIDEO
"Kill This Love," BLACKPINK

BELEIFTSTE CONCERTSTOUR
BLACKPINK: BLACKPINK 2019 World

BELEIFTSTE SOCIAL-PROMI
David Dobrik

PEOPLE'S CHAMPION AWARD
Pink