Musek NewsRita Ora ënnerstëtzt Mënschen ouni Daach iwwert dem Kapp

D’Rita Ora setzt sech fir Mënschen an, déi op der Strooss liewen.

Leschten Update: 18.11.2019, 22:09:35

© Valery HACHE / AFP

Déi 1990 am deemolege Jugoslawien gebuere Sängerin huet selwer alles, wat hat wëll. E Grond fir deenen ze hëllefen, deenen et um Minimum feelt.

Hat ënnerstëtzt d’Organisatioun "Centrepoint", déi Mënschen tëscht 16 a 25 Joer, déi keen Daach iwwert dem Kapp hunn, hëlleft.

Am Kader vum 50. Gebuertsdag vun der Organisatioun wäert déi brittesch Sängerin bei enger Gala optrieden, a fuerdert d’Leit iwwer Instagram op, fir ze spenden.