Musek NewsKanye West gëtt Concert an engem US-Prisong

Den US-Rapper huet an engem amerikanesche Prisong viru Prisonéier Lidder aus sengem neien Album "Jesus is King" presentéiert.

Leschten Update: 18.11.2019, 22:08:57

© HSCO / Screenshot Eldoradio

Den US-Rapper Kanye West huet sech viru Prisonéier feiere gelooss, dat bei engem net-ugekënnegte Concert an engem amerikanesche Prisong am Bundesstaat Texas.



De Rapper huet d'Prisonéier perséinlech begréisst an hinne Lidder aus sengem neien Album "Jesus is King" virgespillt.

Et war awer net den eenzege Concert. Och viru weibleche Prisonéier huet de West e Concert gespillt, dat an engem weideren Deel vum Prisong.

Dem West seng Optrëtter sollen un dem Johnny Cash seng Concerten erënneren. Dësen hat an de 60er Joren och Concerten a Prisonge ginn an domat vill Opmierksamkeet kritt.