Musek News"Hangry" Lizzo: Iess-Liwwerantin blouss gestallt

D‘Lizzo hat sech Iessen heem bestallt, krut dunn awer net dat wat et wollt. Dofir huet d’Sängerin d’Liwwerantin ëffentlech blaméiert.

Leschten Update: 18.11.2019, 22:07:20

© Steven FERDMAN / AFP LIZZO

De Virworf vum Lizzo: D’Liwwerantin hätt säin Iesse geklaut. "Hangry" wéi hat war, huet hat kuerze Prozess gemaach an eng Foto vun der Fra gemaach, déi et schliisslech op Twitter eropgelueden huet. Drënner den Text: "D’Tiffany W. huet mäin Iesse geklaut. Hat ka frou sinn, dass ech kee méi zerklappen."

Den Dag drop huet hat de Post geläscht - den Internet vergësst awer bekanntlech net. Dowéinst gouf de Star elo wéinst Verletzung vun der Privatsphär verurteelt.

Wat d’Lizzo sech bestallt hat, ass bis haut net gewosst.