Musek NewsAvicii-Videospill kënnt am Dezember

Vum Avicii ass jo mëttlerweil en éischte post-mortem Album erauskomm. Deemnächst kënnt och e Videospill, un deem hie selwer matgeschafft huet.

Leschten Update: 19.11.2019, 14:44:00

© YouTube Screenshot

Den Avicii, Tim Bergling mat richtegem Numm, hat an de leschte Méint vu sengem Liewe jo keng Live-Optrëtter méi. Hien hat sech bis zu sengem Doud am Abrëll 2018 op d’Aarbecht am Studio konzentréiert.

Hien huet awer net nëmmen un neier Musek gebastelt, mee souguer un engem eegene Videospill. Dat zesumme mam Entwéckler-Team „Hello There Games“.

D’Spill mam Numm „Avicii Invector”, an deem een dem Avicii seng Lidder nospille kann, andeems een déi richteg Knäppercher dréckt, kënnt den 10. Dezember fir "Playstation 4", "Nintendo Switch" an "XBOX One" eraus.