Musek NewsAriana Grande krank - Gëtt seng Tour ofgebrach?

D’Ariana Grande ass drop an drun seng Tour ofzeblosen, well hat zanter Woche gesondheetlech ugeschloen ass.

Leschten Update: 19.11.2019, 14:47:09

© Angela Weiss / AFP

Wéi schlecht et ëm seng Gesondheet steet, huet d’Ariana Grande senge Fans bei „Insta“ a verschiddenen "Stories" matgedeelt. „Ech weess net, wéi dat méiglech ass, mee mäin Hals a Kapp dinn nach ëmmer esou wéi“, esou d’Sängerin.

Aktuell ass hat mat senger „Sweetener World“-Tour ënnerwee, zënter sengem Optrëtt zu London viru mëttlerweil 3 Wochen huet hat grouss Péng beim Ootmen. Grad fir eng Sängerin net ideal.

Elo huet déi 26-järeg da mol realiséiert, dass et eventuell un der Zäit wier, fir bei den Dokter ze goen...