Musek NewsEd Sheeran mat Privat-Concert op 18. Gebuertsdag

Stell der vir du feiers däin 18. Gebuertsdag an däi Liiblings-Sänger hält Privat-Concert fir dech an deng Frënn...

Leschten Update: 19.11.2019, 14:46:12

© Oli SCARFF / AFP

An dann ass dat mam Ed Sheeran och nach ee vun deene gréisste Museker aus eiser Zäit.

Déi Dramvirstellung ass fir d’Duechter vum Star-Kach Gordon Ramsey Realitéit ginn. Hien a seng Fra Tana hunn e renomméierte Club zu London eleng fir d’Duechter a seng Frënn gebucht.

D’Party, typesch brittesch am James Bond-Look gehalen, kléngt net bëlleg, an dat war se och net. Fir lässeg 500.000 brittesch Pond huet hie sengem Meedchen Tilly dëse Kaddo gemaach.

Et gëtt een eben nëmmen eemol 18...