Musek NewsHelene Fischer brécht Charts-Rekord

Vum Helene Fischer senger Musek kann een hale wat ee wëll. Bemierkenswäert ass awer den Charts-Rekord, deen hat elo an Däitschland opgestallt huet.

Leschten Update: 25.11.2019, 18:21:41

© YouTube Screenshot

2010 war säin Album „Best Of“ erauskomm. Bal e Joerzéngt méi spéit huet d’Helene Fischer domadder e Rekord opgestallt. Well sech deen Album ëmmer nach esou gutt verkeeft, ass den Album fir déi 350. Kéier noeneen an den offiziellen däitschen Charts vertrueden.

Plaz 37 ass der Sängerin duergaangen, fir dem Andrea Berg säin Album vun 2001, dat iwwregens och e "Best Of" war, ze iwwerhuelen.