Musek NewsBillie Eilish ass "Woman of the Year"

Grad eréischt zwee Präisser bei den American Music Awards ofgeraumt, steet elo eng nach méi prestigiéis Auszeechnung fir d’Billie Eilish un.

Leschten Update: 26.11.2019, 15:27:23

© YouTube Screenshot

Et war bis elo d’Joer vum Billie Eilish. An dowéinst gëtt déi geschwënn eréischt 18 Joer al Sängerin vum „Billboard Magazine“ zur Fra vum Joer 2019 gekréint.

„Duerch seng Musek a säin Optrieden an de soziale Medien, virun allem senger Fäegkeet mat der "Generation Z" ze schwätzen a jonke Leit d’Gefill ze ginn, dass si an der Gesellschaft akzeptéiert ginn, huet hat de Präis méi verdéngt wéi all aner Fra“, heescht et vum Billboard.

Hat kritt d’Auszeechnung den 12. Dezember zu New York iwwerreecht.