Musek NewsLiewe vum Michael Jackson gëtt verfilmt

Och nach ënnert "King Of Pop" bekannt, war de Michael Jackson ee vun deene gréisste Museker. Mat vill Talent, awer och vill Misär. An dat gëtt elo verfilmt

Leschten Update: 27.11.2019, 17:17:32

© Michael Jackson / CARL DE SOUZA / AFP

Um Ënn vum leschte Joer ass "Bohemian Rapsody" an de Kinoen eraus komm. De Film war e groussen Erfolleg, war fir 5 Oscars nominéiert an huet der schlussendlech 4 gewonnen.

De Produzent vum Film, de Graham King, huet elo en neie Projet um Start an huet sech d'Rechter um Film iwwert dem Michael Jackson säi Liewe geséchert.

De Produzent soll sech mëttlerweil och schonn den 3-fachen Oscar-nominéierten Dréibuchauteur John Logan mat an d'Boot geholl hunn. De Film soll dat ganzt Liewe vum "King Of Pop" behandelen. Souwuel den Ufank als Kannerstar, wéi och d'Mëssbrauchsvirwërf an de spéideren Dout vum Museker.

Wéini dëse Film an d'Produktioun geet a wéini e soll released ginn, ass awer nach net kloer.