Musek NewsASAP Rocky wëll a "sengem" Prisong optrieden

Den ASAP Rocky souz jo ee Mount an engem schwedesche Prisong. Elo zitt et hien dohin zeréck.

Leschten Update: 27.11.2019, 17:24:06

© Angela Weiss / AFP

Wien an engem Prisong sëtzt, soll och ofgeschreckt ginn, andeems ee gesäit , wat et heescht op Fräiheet verzichten ze mussen. Den ASAP Rocky schéngt awer Loscht hunn zeréck ze goen.

De Rapper wëll no sengem Concert zu Stockholm den 11. Dezember eng weider Show an deem Prisong spillen, an deem hien am Juli an August souz. Dat fir deene Leit e Gefalen ze maachen, mat deenen hie sech an där Zäit gutt verstanen huet.