Musek NewsPussycat Dolls annoncéieren Tour fir 2020

D'Pussycat Dolls hu fir Abrëll 2020 eng Tour duerch Groussbritannien annoncéiert.

Leschten Update: 28.11.2019, 10:13:00

© BILL PUGLIANO / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

D'Pussycat Dolls sti kuerz virun engem Comeback. D'Nicole Scherzinger soll nees de Part vun der Leadsängerin iwwerhuelen an d'Girlgroup duerch eng Welttournée féieren.

De Startschoss fir déi grouss Reunioun kéint schonn dëse Samschdeg bei der Final vun der Castingshow X-Factor sinn. Dat sot de Jury-Member Louis Walsh an der Telésshow "Lorraine". D'Scherzinger sëtzt jo och an der Jury vun X-Factor.

D'Sängerin huet op Instagram ee Post gemaach a schwätzt vun enger "PCD-Reunion". Och gouf elo eng Tour duerch Groussbritannien annoncéiert.


View this post on Instagram

#PCDReunion 💖

A post shared by Nicole Scherzinger (@nicolescherzinger) on







D'Pussycat Dolls hunn an den 2000er vill Succèse geféiert. Virun 10 Joer sinn d'Bandmemberen du getrenne Weeër gaangen.