Musek NewsCamila Cabello als laange Fanger am Kensington Palace

D’Camila Cabello léisst gäre mol eppes matgoen, wat him net gehéiert. Dat huet hatt elo an engem interview zouginn.

Leschten Update: 28.11.2019, 14:25:24

© ANGELA WEISS / AFP

D’Sängerin war d’leschte Mount zesumme mat senger Mamm fir eng Visitt am Kensington Palace an huet dobäi heemleche Bic agestach. Dat huet hatt an engem Interview op BBC Radio One verroden.  Des Nouvelle huet natierlech séier op Twitter den Tour gemaach. Den offiziellen Account vum Kensington Palais huet dorops mat engem Icon reagéiert, op deem 2 An ze gesi sinn.