Musek NewsUngarn "boykottéiert" Eurovision Song Contest 2020

Ungarn, dëst Joer nach an der Halleffinall, wäert 2020 net beim Eurovision Song Contest mat dobäi sinn. D'Grënn passe bei déi ungaresch Politik.

Leschten Update: 29.11.2019, 19:23:11

© YouTube Screenshot

An zwar net well d‘Ungare sech souwisou keng Chancen ausrechnen, bis ewell hu si den ESC nach ni gewonnen, mee wuel aus homophobe Grënn.

Insider ginn dovun aus, dass der ungarescher Regierung d’Verbindunge mat der LGBTQ-Kultur net gefall hunn. D’Conchita Wurst, respektiv de Fait, dass hat 2014 gewonnen huet, soll ee vun den Haaptgrënn sinn.

En ungaresche Sender, deen der Orban-Regierung no steet hat scho viru kuerzem gesot, dass den Eurovision Song Contest der mentaler Gesondheet vum Land schuede géif.