Musek NewsPussycat Dolls: 1. Optrëtt no Comeback

D'Pussycat Dolls sinn zanter e Samschden nees vereent. Am Kader vun hirem 1. gemeinsamen Optrëtt, hu si och d'Datumer vun hirer Tour verroden.

Leschten Update: 02.12.2019, 16:47:49

© BILL PUGLIANO / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

De Samschden den Owend hunn d’Pussycat Dolls sech zesummefonnt fir an der Englescher Museksshow "X-Factor" hiren éischte gemeinsamen Optrëtt als Grupp, zanter iwwer 10 Joer hinzeleeën.

Dëse Concert huet de Fans e Virgeschmaach op dat, wat ee vun der annoncéierter "2020 Reunion Tour" erwaarde kann, ginn.

De Live -Optrëtt huet PCD Klassiker wei "Don't Cha", "Buttons" an "When I Grow Up" zeréck op d Live Bün bruecht, ma och eng nei Single mam Titel "React" ass e Samschde gespillt ginn.

D'Sängerin Nicole Scherzinger huet iwwerdeems op Twitter d'Datumer fir d'Tour annoncéiert. Dës fänkt de 5. Abrëll zu Dublin un a fënnt de 17. Abrëll zu London en Enn.



D' Scherzinger huet gesot: "Mir si méi staark wei jeemools virdrun. Et ass eng groussaarteg Zäit fir Stäerkt ze beweisen. Mir hunn eis esou vill weiderentwéckelt, Äddi Drama! Mir wëllen dat heiten alleguer sou gutt wei méiglech genéisse kennen."