Musek NewsDen Drake ass de "Streaming King" vum Joerzéngt

Den Drake gouf bannent de leschten 10 Joer am meeschten op Spotify gestreamt.

Leschten Update: 03.12.2019, 11:15:24

© ROBYN BECK / AFP

De kanadesche Rapper Drake ass dee Museker, dee bannent de leschten 10 Joer déi meeschte Streams op Spotify notéiert huet.

28 Milliarde mol sinn dem 33 Joer ale Museker seng Songs an de leschten 10 Joer op Spotify gelauschtert ginn. Dëst huet hien un d'Spëtzt vun der Streamingplattform katapultéiert.

Den Titel fir dee meescht gestreamte Song geet awer un den englesche Pop-Star Ed Sheeran. Hien huet mat sengem Song "Shape of You" ganzer 2,3 Milliarde Streams erreecht an ass doriwwer eraus op zweeter Platz vun den Top Streams bannent de leschten 10 Joer.

Den Titel fir dee meescht gelauschtertste Museker weltwäit 2019 geet un den US-amerikanesche Rapper Post Malone, déi zweet Plaz ass fir d'Sängerin Billie Eilish an op drëtter Platz klasséiert sech d'Ariana Grande.