Musek NewsWeider Nimm fir den "Rock am Ring" annoncéiert

Ufank Juni ass nees Zäit fir de Rock am Ring. Elo goufe weider Nimm fir d’Jubiläums-Editioun ugekënnegt.

Leschten Update: 10.12.2019, 15:13:33

© Rock am Ring

Scho fir déi 35. Kéier luet de Rock am Ring de Weekend vum 5. Juni 2020 op de Nürburgring an. Elo ass déi zweet Well u Kënschtler verëffentlecht ginn.

Ënner anerem mat dobäi: Alter Bridge, de Rea Garvey an Airbourne.


An der éischter Phas goufe jo scho weltbekannte Bands wéi Billy Talent, The Offspring a System of a Down annoncéiert. Wéi d'Organisateure bekannt ginn hu si schonn 125.000 Tickete verkaf ginn.

Gläichzäiteg wäert vum 5. Bis de 7. Juni d‘nächst Joer och „Rock im Park“ nees vill Visiteuren unzéien. De Line-Up vum "klenge Brudder" ass deen nämmlechten, feiert awer eréischt säi 25. Gebuertsdag.

Tickete fir de Rock am Ring fannt dir hei!