Musek NewsRoxette-Sängerin am Alter vun 61 Joer verstuerwen

Eng schwedesch Musekslegend ass dout: D’Marie Fredrikkson, Sängerin vum Pop-Duo Roxette, ass am Alter vun 61 Joer gestuerwen.

Leschten Update: 10.12.2019, 15:20:54

© MICHAEL SOHN / AFP

Wéi dem Marie Fredrikkson seng Managerin e Dënschdeg bekannt ginn huet, ass d’Sängerin um Méinden no engem jorelaange Kampf géint de Kriibs gestuerwen.

De schwedesche Pop-Duo Roxette gouf 1986 gegrënnt an ass eng vun deenen erfollegräichste schwedesche Bands iwwerhaapt. Méi wéi 75 Millioune Mol huet sech hir Musek verkaf. Mat 4 Lidder stoungen d'Marie Fredrikkson an de Per Gessle op der 1 an den amerikanesche Billboard Charts.

2009 war d’Fredrikkson trotz der Krankheet iwwerraschend nees opgetrueden an hat deemools souguer en neien Album verëffentlecht.