Musek NewsD'Music LX Awards 2019 goufe verdeelt

Fir d’10. Kéier huet den Exportbüro Music LX dësen Dënschdeg an der Rockhal Präisser u Lëtzebuerger Kënschtler fir 2019 verdeelt

Leschten Update: 10.12.2019, 15:28:10

© eldo archiv


Seed to Tree kruten de Music LX Award an der Kategorie “Pop/Rock/Electro/Urban”.

An der Jazz-Kategorie waren et Dock In Absolute, déi ausgezeechent goufen.

Den Orchestre Philharmonique de Luxembourg krut de Präis an der Kategorie Klassik.

Am ganzen huet d’Zuel vun de Lëtzebuerger Gruppen a Kënschtler am Joer 2019 wieder zougeholl, mat  1181 Optrëtter weltwäit, dovun 367 an Däitschland, 160 a Frankräich an 137 an der Belsch . Ausserdeem sinn 32 Alben vu lokale Bands a Kënschtler op de Maart komm.