Musek NewsJustin Bieber huet Borrelios

Den Justin Bieber wollt mat vill Elan op déi grouss Bün zeréckkommen. Elo gëtt hien awer vun enger Krankheet gebremst.

Leschten Update: 09.01.2020, 14:12:21

© YouTube Screenshot

Wéi den Justin Bieber bei Instagram matgedeelt huet, leit de 25-järege Sänger ënner der Lyme-Borreliose, enger Infektiounskrankheet, bei där Bakterien d’Gelenker an d’Nervesystem ugräifen. Domadder awer net genuch: Och ënner enger Mononucleose huet de Bieber gelidden.

Domat gëtt dann och kloer, firwat den Justin Bieber seng Tour 2017 ofgebrach hat an zanter deem net méi ëffentlech opgetrueden ass. "E puer haart Joer leien hannert mir. Déi richteg Behandlung wäert mir dobäi hëllefen, des bis ewell onheelbar Krankheet ze bekämpfen", sou den Justin am sozialen Netzwierk. Gläichzäiteg versprécht de Sänger, dass hie méi staark wéi nach ni erëmkomme wäert.