Musek NewsLizzo a Billie Eilish triede bei Grammys op

De 26. Januar stinn d’Grammy Awards un. Elo steet fest, wien op deem Owend optriede wäert.

Leschten Update: 09.01.2020, 14:15:49

© FREDERIC J. BROWN / AFP

Souwuel d’Newcomerin vum leschte Joer, d’Billie Eilish, wéi och d’Lizzo wäerte bei der 62. Editioun vun de Grammys fir déi passend musikalesch Begleedung suergen. Dat hunn d’Organisateure vum prestigiéisten Event an der Museksbranche verroden. Dat 18- an dat 31-Järegt si selwer fir eng éischte Kéier fir de renomméierte Präis nominéiert. D’Lizzo souguer an 8 Kategorien, direkt dohannert d’Billie mat 6 – genau esou vill wéi de Lil Nas X.

Och d’Rockband Aerosmith an d’Gwen Stefani wäerten op der Bün performen. Moderéiert ginn d’Grammys des Kéier vum Alicia Keys.