Musek NewsBëschbränn an Australien: Lizzo péckt mat un

D’Lizzo huet seng Tour duerch Australien an Neiséiland ënnerbrach. Net well d’Bränn Optrëtter verhënnert hunn, mee fir selwer ze hëllefen.

Leschten Update: 10.01.2020, 15:47:47

© Steven FERDMAN / AFP

Déi uerg Bëschbränn an Australien sinn nach ëmmer net ënner Kontroll. Wärend vill Museker hier Ënnerstëtzung op finanziell Aart a Weis ausdrécken, péckt dat 31-järegt Lizzo einfach selwer mat un. Hat huet seng Tour an der Géigend ënnerbrach fir sech bei "Food Bank" em déi ze këmmeren, déi op Hëllef ugewise sinn.


"Food Bank" ass déi gréisst australesch Organisatioun fir d’Bekämpfung vun Honger. Op Instagram huet d’Organisatioun eng Foto gepost, op deem ee gesäit wéi d’Lizzo grad Hëllefs-Päck fir déi Mënschen an de betraffene Regioune péckt.