Musek NewsMusek fir de gudden Zweck mat Queen

Queen spillen zesumme mam Alice Cooper ee Beneficeconcert.

Leschten Update: 13.01.2020, 15:07:26

© HERBERT P. OCZERET / APA / AFP

D’Bëschbränn an Australien fanne keen Enn, a bekannte Museker hu sech elo zesumme gedoen, fir Spenden ze sammelen.

9 Stonne laang wäerte Kënschtler ewéi d’Band Queen an de Rocker Alice Cooper zu Sidney e Concert spillen. Moderéiert gëtt dat Ganzt vun der australescher Komikerin Celeste Barber.

De Concert ass de 16. Februar. De gesamten Erléis fléisst a Stëftungen ewéi dat australescht Rout Kräiz, Déireschutz-Organisatiounen an un déi australesch Pompjeeën.