Musek NewsAuto vum Tupac gouf versteet

De weltbekannte Rapper Tupac gouf 1996 an sengem Auto ugeschoss an ass un de Suite gestuerwen. Den Auto gouf elo versteet.

Leschten Update: 15.01.2020, 09:39:28

© AFP / VALERIE MACON

Den Auto an deem den Tupac ugeschoss gouf ass bis elo am Besëtz vu sengem Musekslabel gewiescht, a gouf elo déi éischte Kéier nom Doud vum Rapper verkaaft.

Spuere vum Tupac sollen am Auto awer keng méi ze fanne sinn. Den Auto gouf mat originalen Deeler restauréiert, just eng kleng Bëlz soll den Auto nach hunn - warscheinlech duerch eng Kugel vun enger Pistoul.