Musek NewsD'Taylor Swift bréngt en neie Song eraus

D'Taylor Swift huet bekannt ginn, dass den 31. Januar seng nei Single “Only the Young” eraus kënnt.

Leschten Update: 22.01.2020, 16:04:48

© AFP/Archives/Johannes EISELE

Den Datum ass awer keen Zoufall. Den 31 Januar kënnt nämlech och den Documentaire “Miss Americana – Taylor Swift” op Netflix eraus.

D’Single “Only the Young” wäert an der Dokumentatioun wärend dem Ofspann lafen.  Am Film wäert et och ëm d’Schreiwe vun dësem neie Lidd goen. Ee Lidd schreiwen ass net nëmmen ee riichte Wee, mee ee ganze Prozess, deen och am Lidd eraus ze héiere soll sinn.