Musek News“Stupid Love” vum Lady Gaga op Twitter verëffentlecht

Eng nei Single vum Lady Gaga gouf op Twitter geleaked.

Leschten Update: 22.01.2020, 16:05:31

© AFP/File/Robyn Beck

De 7. Februar soll dat éischt Lidd vum neien Album vun der Sängerin Lady Gaga verëffentlecht ginn. Op Twitter ass elo awer schonn d’Lidd “Stupid Love” opgedaucht.

D’Sängerin selwer huet sech nach net zum Virfall geäussert. Dowéinst ass och net gewosst, wei eng Roll dëst Lidd um Album spillt. Och weess een nach net, wien fir di onerlaabt Verëffentlechung vun der Single zoustänneg ass.

Eent ass awer kloer. Kuckt een nämlech Kommentaren an de Social Medias, sinn d’Fans esou begeeschtert ewéi scho laang net méi.