Musek NewsD'Crash Test Dummies kommen op Diddeleng

D'Fête de la Musique zu Diddeleng huet éischt Bands fir d'Editioun 2020 bekannt ginn.

Leschten Update: 22.01.2020, 16:02:58

© Pexels


Déi bekannt kanadesch Grupp Crash Test Dummies fënnt den 20. Juni de Wee op Lëtzebuerg fir een Optrëtt op der Fête de la Musique zu Diddeleng. Bekannt sinn d'Museker vrun allem wéinst hirem Hit  "Mmm Mmm Mmm Mmm" .  


Confirméiert fir de Festival goufen ausserdeem di däitsch Sängerin Lotte, den Alex Henry Foster aus Kanada an d'Ana Popovic aus Serbien.

Weider Kënschtler ginn an den nächste Wochen annoncéiert.