Musek NewsLewis Capaldi ënnert Album Drock

De Lewis Capaldi wëll e neien Album eraus bréngen, mee huet Angscht seng Fans ze enttäuschen.

23.01.2020, 14:17:47

© AFP/Angela Weiss

De 17 Mee 2019 ass dem Lewis Capaldi säin éischten Album eraus komm. Mat Hit-Singlen ewéi “Someone you loved” an “Hold me while you wait”, war den Album ee vun de schnellst verkaafte vum leschte Joer.

Elo äussert de Lewis Capaldi sech zu dem ganze Rum. Hien seet, dass en sech ënner enormen Drock spiert, opgrond vun der Tatsaach, dass säin Debutalbum esou ee groussen Erfolleg war.

Selwer seet en weider dass, hien de Moment den nächsten Album nach net spiert. De Lewis schreift seng Lidder all selwer an en ass frou iwwer de super Feedback mee en huet de Moment nach näischt Schrëftleches dat senger Meenung no un den éischten Album eru ka kommen.

Trotzdeem ass en optimistesch, dass dëst Joer eng éischt Single vum zweeten Album eraus wäert kommen.