Musek NewsBTS a Lil Nas X zesummen op de Grammys

Déi koreanesch K-Pop Grupp solle laut bekannte Medien zesumme mam berüümten „Old Town Road“ Sänger Lil Nas X bei de Grammys optrieden.

Leschten Update: 23.01.2020, 15:01:01

© AFP/File/MARK RALSTON

D’K-Pop Band ass dëst Joer net bei de Grammys nominéiert, trotzdeem goufen si invitéiert eng Collaboratioun ze maachen. BTS huet e Remix vum Lidd Old Town Road mat dem Numm „Seoul Town Road” produzéiert. Och d’Diplo an de Billy Ray Cyrus wäerte bei de Grammys zu L.A opdauchen opgrond vun de verschiddene Remixes vum Lil Nas sengem Old Town Road.