Musek NewsOppene Bréif vum Eminem

Den Eminem reagéiert mat engem oppene Bréif op d'Kritik zu sengem neien Album "Music to be murdered by".

Leschten Update: 24.01.2020, 14:37:59

© Images/AFP/Archives/Christopher Polk

Dem Rapper Eminem säin neien Album "Music to be murdered by" gouf schaarf kritiséiert, dat esou wuel vun de Fans ewéi och vun de Medien. Haaptsächlech den Deel an deem et em d’Schéisserei zu Las Vegas geet, bäi där 58 Mënsche gestuerwe sinn, an deem Part bei deem d'Terror Attack zu Manchester um Ariana Grande sengem Concert thematiséiert gëtt, fannen d’Nolauschterer respektlos.

Den Eminem huet elo mat engem oppene Bréif op Instagram dorop reagéiert.

Hie schreift an dësem Bréif, dass seng Musek net fir zimperlech Léit geduecht wier, an, dass jidderee besser nolauschtere sollt. Et géif hei keng Verherrlechung vun dëse schlëmmen Dote gemaach ginn, hie wëll de Leit just nobréngen, dass Terror mëttlerweil omnipresent ass an, dass een sech dësem bewosst muss ginn. Vill Léit si souguer faszinéiert vun Doud a Gewalt, seet hie weider. Dem Rapper no, gouf den Album ebe gemaach fir ze schocken an d’Leit wakereg ze rëselen.