Musek NewsDe Calvin Harris erfënnt sech nei

De Calvin Harris, oder och Love Regenerator" probéiert mat neiem Numm een neie Sound aus.

24.01.2020, 15:15:22

© Screenshot Youtube

2019 huet de Calvin Harris d’Lidd "Giant", zesumme mam Rag’n’Bone Man, eraus bruecht an en enorme Succès gefeiert. Ma och wann dëse Sound am Mainstream Erfolleg gefeiert huet, elo probéiert den DJ sech un enger anerer Museksrichtung.

Ënnert dem Numm "Love Regenerator" huet de Calvin elo 2 EP's verëffentlecht. "Hypnagogic (I cant’t wait)" a "CP-1" heeschen déi nei Tracks, déi an d’Richtung Acid House ginn. Dëse Genre entsprécht net deem wat mir bis elo vum Calvin Harris héieren hunn. Bei Acid House handelt et sech em een Trend aus den 80er an 90er, deen Techno, House a Rave Sound kombinéiert.

View this post on Instagram

Tomorrow 👀

A post shared by Love Regenerator (@calvinharris) on