Musek NewsTomorrowland 2020: Martin Garrix, Marshmello & David Guetta

Den Tomorrowland-Festival huet di éischt Headliner fir d'Éditioun 2020 annoncéiert!

Leschten Update: 24.01.2020, 13:08:33

© Eldoradio

"Live Today, Love Tomorrow, Unite Forever" - esou heescht de Motto vum weltwäit bekanntsten Open-Air-Festival fir elektronesch Musek. Dëse Freiden hunn d'Organisateuren di éischt Phas vum Line-Up op hirer Facebooksäit presentéiert.

An der belscher Gemeng Boom wäerten deemno dëst Joer ënnert anerem de Martin Garrix, de Marshmello an den David Guetta optrieden. 

Di 16. Editioun vum Tomorrowland-Festival ass dëst Joer um drëtten an um véierte Weekend am Juli. Fir Ticketen ze kréien kann ee sech op der Internetsäit vum Festival registréieren.