Musek NewsAktivist wëllt NFL wéinst Halftime-Show verkloen

Wärend der Halftime-Show si Shakira an Jennifer Lopez a knappem Outfit opgetrueden. Elo verklot ee Mann d'NFL dowéinst op Billioune vun Dollar.

Leschten Update: 07.02.2020, 15:06:28

© AFP/Angela Weiss

100 Millioune Mënschen hunn eleng an den USA an der Nuecht op e Méindeg de Superbowl suivéiert. D’Halftime-Show vum J. Lo a Shakira kéint allerdéngs elo een Nospill hunn.

De chrëschtlechen Aktivist Dave Daubenmire wëllt den Organisateur NFL op ëmgerechent 788 Billiounen Euro verkloen. De Grond: D’Show vu Shakira an J Lo hätt „pornografesch Inhalter“ a säin Haus bruecht. Den Daubenfire, dee fréier selwer Futtball-Coach war, huet ee Statement op Facebook  gesat, an där hien d’Halftime-Show mat engem Stripclub verglach huet.  Hien hätt just de Match wëlle kucken, mee den Optrëtt  vun den zwou Sängerinne hätt d’ganzt Land opgefuerdert, sech tëscht d’Been ze paken.

Vun der NFL gëtt et nach kee Statement. D’Aussiicht op Erfolleg dierft bei dëser enormer Zomm awer relativ kléng sinn.