Musek NewsAss d' Vergewaltegungs-Story vum Kesha erfonnt?

D’Kesha huet schwéier Virwërf géint säin Ex-Produzent erhuewen, d’Geriicht huet der Sängerin awer lo onrecht ginn.

Leschten Update: 07.02.2020, 15:04:52

© Getty Images/AFP/File/Noam Galai

De Sträit tëscht dem Kesha an dem Dr. Luke dauert scho 6 Joer- an huet schonn e puer Geriichter beschäftegt. D’Kesha werft sengem Ex-Produzent fir, hatt vergewaltegt a manipuléiert ze hunn. De Manager huet der Sängerin fir säin Deel virgeworf, hien ënner Drock ze setzen, fir de Kontrakt kënne virzäiteg opzeléisen.

Eng New Yorker Riichterin huet him lo zum Deel Recht ginn, an dat wéinst enger SMS, déi d‘Kesha un d’Lady Gaga gemaach huet. Hei behaapt d’Kesha, den Dr. Luke hätt och d’Katy Perry vergewaltegt. D’Katy Perry dementéiert dat awer. D’Riichterin seet, et géif kee Beweis fir dem Kesha säi Virworf.

Ob den Dr. Luke dogéint d’Kesha vergewaltegt huet, muss dnach een anert Geriicht decidéieren.