Musek NewsChester Bennington op neiem Album ze héieren!

Eng Dokumentatioun iwwert den Chester Bennington gouf scho verëffentlecht, elo kënnt nei Musek dobäi. 

Leschten Update: 11.02.2020, 16:10:02

© AFP/Archiv/PATRICIA DE MELO MOREIRA

Am Juli 2017 huet den Chester Bennington sech d’Liewe geholl.
Fir den Doud vum Sänger ze verschaffen huet seng éischt Band "Grey Daze" am Januar 2020 eng Dokumentatioun iwwert den Chester Bennington verëffentlecht. Elo huet d'Band annoncéiert, dass si och en Album produzéieren, deen Opname vum Chester enthält.

Geplangt ass de Release vum Album "Amends" fir den 10. Abrëll 2020. Verschidden Tracks doraus, wéi zum Beispill "What's in the eye" a "Sickness" goufen awer scho released.