Musek NewsDe Mark Forster kënnt op Lëtzebuerg

De 26. Mee kënnt den däitsche Star op Dikrech an di al Seeërei.

Leschten Update: 12.02.2020, 06:18:48

© PATRIK STOLLARZ / AFP

Am Kader vu senger aktueller "Liebe-Club-Tour" kënnt de Mark Forster de 26. Mee op Lëtzebuerg an di al Seeërei zu Dikrech.

Mat sengem aktuellen Album "Liebe" huet de Mark Forster jo och schonn deen een oder aneren Hit um Eldo gelant.





Nieft dem 26. Mee kënnt de 37 Joer jonke Museker 2 Deeg drop och op St. Vith an den Triangel. Och dat ass jo direkt un der Grenz zu Lëtzebuerg.

Ticketen ginn et vun e Freiden un op de bekannte Virverkafsplazen.