Musek NewsNeie Rekord vum Taylor Swift

D’Taylor Swift huet méi Single verkaaft ewéi all anere Museker an de leschten 10 Joer.

Leschten Update: 12.02.2020, 17:15:13

© AFP/ROBYN BECK

D’Taylor Swift huet en neie Rekord opgestallt. Hatt huet méi Single verkaaft ewéi soss keen aneren Star an de leschten 10 Joer.

Säin neisten Album “Lover” gouf mëttlerweil méi ewéi 5 Millioune mol verkaaft. D’Singlen “Me!” “Lover” an “You need to calm down” goufe mat Platin ausgezeechent.

Insgesamt huet d’Taylor Swift iwwer 75.893.000 Singlen an de leschten 10 Joer verkaaft an ass domat déi Kënschtlerin mat de meeschte Sales.

Op 2. Platz ass de Rapper Eminem mat 63.501.000 Verkeef.