Musek News"Harry Potter in Concert" an der Rockhal ass annuléiert

Den Event „Harry Potter and the Prisoner of Azkaban in Concert” an der Rockhal gouf annuléiert.

Leschten Update: 13.02.2020, 14:32:21

© atelier

Den Event „Harry Potter and the Prisoner of Azkaban in Concert” sollt den 20. Juni an der Rockhal sinn. Wéi d’Organisateuren vum Atelier elo matdeelen, hunn si deen Event awer elo aus logistesche Grënn missen annuléieren. Et wäert och keen Ersatz-Datum ginn.

D’Clienten kréien d’Suen automatesch op hir Kreditkaart rembourséiert, bei weideren Froen kënne si och eng E-Mail maachen un den Service info@atelier.lu