Musek NewsMark Forster Concert ausverkaaft!

Den 12. Februar gouf bekannt ginn, dass de Mark Forster de 26. Mee op Lëtzebuerg an d’Al Seeërei op Dikrech kënnt.

Leschten Update: 14.02.2020, 15:45:13

© Screenshot Youtube

De 14. Februar goungen d’Tickets moies um 10 Auer an de Verkaf.

No puer Sekonne war den Internetsite blockéiert, well ze vill Mënschen Zougrëff wollten. No puer Minutte war de ganze Concert ausverkaaft.

Och de Concert zu St. Vith war no enger knapper Hallwer Stonn komplett ausverkaaft.

Mat e bësse Chance fannen sech bis de 26. Mee nach deen een oder aneren Ticket fir de Mark Forster kucken ze goen an der Ticketbourse op eldo.lu.