Kylie M., Robbie W., Walk The Line, 29.10.2010

Leschten Update: 28.10.2010, 11:30:21

Haut virun 3 Joer krut d' Kylie Minogue zu London den „Music Industry Trust prize“. Hatt gouf domat fir seng 20 Joer laang Carrière geéiert an säi Status als Pop- a Stilikon. Et war fir d'éischte Kéier an der 16 Joer laanger Geschicht vun deem Event dass de Präis un eng Fra gaangen ass. Fréier Gewënner waren den Elton John an de Peter Gabriel.

Haut virun 4 Joer war de Robbie Williams op Plaz 1 vun den engleschen Albumcharts mat „Rudebox“, dem Sänger säi 7. Nummer 1 Album. „Rudebox“ gouf bal exklusiv am Dance/Elektro-Stil gehalen. Den Album war grad wéi déi éischt Single, zwar an der éischter Verkafswoch op Plaz 1, ass dono awer séier aus den Top 10 eraus gefall. Den Comeback-Album vun senger aler Band Take That huet de Robbie Williams Album wäit iwwertraff.

Haut virun 3 Joer gouf „Walk the Line“ zum beschte Musekfilm vun allen Zäiten gewielt. De Film iwwert d'Liewen vum Johnny Cash mam Joaquin Phoenix an Reese Witherspoon krut 2006 en Oskar. An der Lëscht vun de beschte Musekfilmer war ausserdeem dem Eminem säi Film „8 Mile“, an d'Filmer iwwert den Amadeus Mozart an de Ray Charles.