Blue, Band Aid, Pink Floyd, 15.12.2010

Leschten Update: 14.12.2010, 09:40:14

Haut virun 8 Joer waren Blue featuring Elton John op Platz 1 an England mat hirem Titel „Sorry Seems To Be The Hardest Word“. Am Joer 1976 hat den Elton John dësen Titel schonn mol eraus bruecht an et dunn op Platz 11 gepackt. Zesumme mat der Boyband Blue war hien lo domat op Platz 1, iwwregens réischt dee 5. Nummer 1 Hit no 30 Joer Musekscarrière.

Haut virun 26 Joer ass „Do They Know It's Christmas“ vun Band Aid op Platz 1 an England era geklommen an huet sech 5 Wochen un der Spëtzt gehalen. Et gouf déi bis dohin meescht verkaaften Single vun allen Zäiten an England mat 3 annerhallef Milliounen verkaaften Exemplairen. Initiateur vu Band Aid war de Bob Geldof, ze héieren war hei di deemoleg Crème vun der Popmusek: Duran Duran, Spandau Ballet, Paul Young, Culture Club, George Michael, Sting, Bono, Phil Collins, Paul Weller, Status Quo a Bananarama.

 Haut virun 31 Joer sinn Pink Floyd op Platz 1 an déi englesch Singlecharts era geklommen mat „Another Brick In The Wall“, hiren eenzegen Nummer 1 Hit an England. Weltwäit hunn Pink Floyd bis haut méi wéi 300 Milliounen Alben verkaaft.