Clash, Nickelback, Band Aid 20, 22.12.2010

Leschten Update: 21.12.2010, 10:56:06

Haut virun 8 Joer ass de fréiere Clash Sänger a Gittarist Joe Strummer am Alter vun 50 Joer un engem Häerzschlag gestuerwen. Mat senger Band hat den Joe Strummer ënner anerem den Nummer 1 Hit „Should I Stay Or Should I Go“, plus 15 aner Lidder an den engleschen Top 40. Den Clash Album „London Calling“ gouf vum Rolling Stone Magazine zum beschten Album aus den 80er Joeren gewielt.

Haut virun 9 Joer war déi kanadesch Rockband Nickelback mat „How You Remind Me“ fir 4 Wochen op Plaz 1 vun den amerikaneschen Charts. De Quartett ronderëm di zwee Bridder Chad a Mike Kroeger gëllt als eng vun de groussen Neientdeckungen vum Joer 2001. Mat „How You Remind Me“ aus hirem drëtten Album haten Nickelback de ganz groussen Duerchbroch gepackt.

D'Neioplaag vum Chrëschtklassiker „Do They Know It’s Christmas“ vun Band Aid 20 war déi erfollegräichste Single vum Joer 2004. Dat Resultat huet di britesch Museksindustrie haut virun 6 Joer presentéiert. 72.000 Exemplairen goufen eleng um Dag vum Release verkaf. Genee 20 Joer nom éischte Band-Aid-Hëllefsprojet hat den Dominic Mohan, Journalist bei der Boulevard-Zeitung „Sun“, d'Idee fir eng Neioplaag. Mat dobäi waren dës Kéier ënner anerem de Robbie Williams, d'Dido, d'Katie Melua, d'Natasha Bedingfield an d'Joss Stone.