Nipplegate, Justin Timberlake, Robbie Williams, 31.1.11

Leschten Update: 28.01.2011, 11:51:34

Haut virun 7 Joer souz ganz Amerika virun der Tele an huet den Otem ugehalen. An der Hallefzäitshow vum Superbowl-Final zu Houston/Texas, ass dem Janet Jackson op eemol di gepiercte Broscht aus dem Kostüm gesprongen. Schold dorun soll säin Duettpartner Justin Timberlake sinn. Dee soll während der Show ongeschéckt um Janet sengem Liederkostüm gezunn hunn. Di amerikanesch Natioun ass entsat. D'USA hunn een neien Skandal: „Nipplegate“ gëtt Diskussiounsthema Nr. 1. Och d' Piercing-Studio'en an Amerika erliewen ee Boom.

Den Justin Timberlake huet haut Gebuertsdag. De fréieren NSYNC an aktuelle Solosänger kritt 31 Joer. Den Justin Timberlake huet bis haut iwwer 14 Milliounen Alben weltwäit verkaf an hat ënner anerem d'Nummer-1-Singelen „SexyBack“, „My Love“ an „What Goes Around... Comes Around“.

Haut virun 6 Joer gouf de Robbie Williams zu deem Museker gewielt deen an de leschten 5 Joer an England am meeschten Alben verkaf hat. De fréieren Take That Sänger hat tëscht 1998 an 2003 bal 10 Milliounen Alben a Groussbritannien verkaf, eng Moyenne vun 5.000 den Dag. OP di 2. Platz koumen The Corrs mat knapp 6 Milliounen Placken, Westlife waren op der 3. Platz 5 Milliounen.