Hit Factory, Beyoncé, Ramazzotti+Anastacia, 8.2.2011

Leschten Update: 07.02.2011, 12:23:24

Haut virun 6 Joer huet ee vun de bekanntsten a renomméiertesten Tounstudio'en an den USA fir ëmmer zou gemaach. D'Hit Factory zu New York war 30 Joer laang Produktiounsplatz fir d'Staren vun der internationaler Popmusek. John Lennon a Yoko Ono, Michael Jackson a Madonna, hunn an der Hitfabrek hir Lidder produzéiert an och dem Bruce Springsteen säin Album „Born In The U.S.A.“ass do entstanen. Am Joer 2003 ass hien gestuerwen, 2 Joer dono huet seng Witfra annoncéiert, dass d'Hit Factory zu Manhattan géing zou maachen. Den technesche Fortschrëtt hat dozou geféiert, dass d'Museker sech ëmmer méi oft hir eegene klénge Studio am eegenen Haus ageriicht hunn.

Haut virun 7 Joer war zu Los Angeles déi 46. Editioun vun de Grammy Awards. De Präis fir de beschten Album vum Joer ass un Outkast gaangen, d'Single „Clocks“ vun Coldplay war de beschte Joer vum Joer. Trotzdem ass Beyonce di grouss Gewënnerin vum Owend. Hatt krut insgesamt 5 Grammyen, ënner anerem als bescht R’n’B-Sängerin a fir säin Hit „Crazy in Love“ als beschten R’n’B-Song.

Huet virun 5 Joer haten den Eros Ramazzotti an d'Anastacia hiren éischten gemeinsamen Hit. „I Belong To You“ war den 8. Februar op Platz 1 an Däitschland. Eleng haten si dat nach nie fäerdeg bruecht, obwuel d'Anastacia zanter 6 an den Eros Ramazzotti souguer zanter 16 Joer am Geschäft war. Zesummen ass hinnen den 8. Februar 2006 dunn de ganz groussen Erfolleg gelongen. No hirem Optrëtt bei „Wetten, dass...?“ gouf „I Belong To You“ sou oft erof gelueden, dass di zwee sech domat direkt un d'Spëtzt vun den Charts gesat hunn.