Kooks, Bon Jovi, Coldplay, 2.3.2011

Leschten Update: 01.03.2011, 10:56:24

De Sänger vun de Kooks Luke Pritchard huet haut Gebuertsdag. Hien kritt 26 Joer. Schonn den Debütalbum vun de Kooks huet sech zwou Millioune mol verkaf. 6 Singelen goufen ausgekoppelt. Bei den MTV Europe Music Awards goufen d’Kooks als beschten Act aus Groussbritannien ausgezeechent. Bei de Brit Awards kruten si de Präis fir di bescht britesch Newcomerband a bescht britesch Single

Den Jon Bon Jovi kritt haut 49 Joer. Seng Band Bon Jovi gouf Ufank vun den 80er Joere gegrënnt an huet bis haut iwwer 130 Milliounen Alben verkaf. Bon Jovi haten iwwer 10 Top Ten Alben an d’Nummer 1 Single “Livin' On A Prayer”.

De Coldplay Sänger Chris Martin kritt haut 34 Joer. Coldplay ass eng vun den weltwäit erfollegräichste Bands vun leschten Joerzéngt mat ënner anerem den Nummer 1 Alben “Parachutes” an „X&Y“.